30 Joer Gehaansbléiser

Gegrënnt 1990

1990 wou de Grupp an d'Liewe geruff gin ass sollten si deenen
villen Ufroen déi d'Harmonie Forge du Sud hat fir esou Concerter
spillen ze goen, an deenen se net nogoe konnt, mat méi engem
klengen Ensembel Rechnung droen. Zweck war et deemools och
fir mat de Recetten vun dësen Optrëtter d'Mammengesellschaft
finanziell ze ennerstëtzen. Dofir hu sech schonn deemools eng
Réi vun deene beschte Museker aus der Gesellschaft zesumme
gedoen an sech nom Diddelenger " Hausbierg"
dem Mont St. Martin genannt, nämlech  

GEHAANSBLÉISER DIDDELENG


Och wann hiert Bestoen am Laf vun den Joer e puer mol op der Kipp
stoung sou sin se awer frou haut soen ze kennen dass se zanter 2009,
wou de Fonctionnement an d'Gérance vun de GEHAANSBLÉISER
genau définéiert ass, ee Grupp ass dee gutt funktionnéiert an vun der
"Gehaansbléiser-Kommissioun" anstänneg gefouert gëtt


2020 sollte mer eigentlech schonn 30 Joer feieren awer leider ass dat
genau esou an d'Waasser gefall wéi vill aner Sachen. Et war da wierklech
ee Joer ouni Aktivitéiten an d'läscht Joer war och nach net vill um Programm
.
2022 waren eis d'Gehaansbléiser awer mat neiem Elan an ënner der Leedung
vun onsem neien Chef, dem Romain RIES, deen iwwregens, wéi op enger
Fotoaus dem Joer 1990 ze gesinn ass ( zweeten vun lenks am stoen, schonns
ee vun de Grënnungsmembere war, dann erëm vill gefroo.



Mat engem ganz neien, uspriechenden Programm waren si ennerwee an hun
de Léit vill Freed gemat.


  Eis GEHAANSBLÉISER hun et also gepackt, no munch Héichten an Déiften,
och haut, no Corona, no elo 32 Joer als Grupp vu der

HARMONIE FORGE DU SUD.

GEHAANSBLÉISER DIDDELENG
suergen deemno schonn 32 Joer d'Leit op Kiermessen an aner
Fester mat hirer flotter Musek ze begeeschteren an

bei ville Gelegenheeten fir gutt Stëmmung

GEHAANSBLÉISER DIDDELENG
gi gären fir Fester a Kiermessen gebucht. 



 

 De Romain Ries,

super Musikant a Chef
an Gehaansbléiser vun der éichter Stonn

Happy Luxemburg



PHOTOEN VUN

 








 










30 Joer GehaansblĂ©iser 

 

 


 


ONS CD

Soirée de Gala 30.ième Anniversaire Gehaansbléiser 08.12.2022 
 

  
 


     

     

     
 
      

     

       

    

   

Beim Kaaf vun der CD kënnt Dir och
den 2. Deel

Big-Bang Memory
héieren


 
    

    

    
 
    
 

 
    
 
    
 
    
 
    
 
    
 
      
 
    
 



  


 

30 Joer Gehaansbléiser

 



 



 



  



 



 
 

 

Einfach Super